Hues

Alter4 – 12
Dauer15 – 30 Minutten
Kuerzbeschreiwung

An dëser Aktivitéit kanns du e léiwe klengen Huesekapp aus enger Eeërkëscht bastelen.

Et ass einfach, bëlleg an et mécht Spaass.

Virun allem ass et eng gutt Geleeënheet, aus Offall eppes Schéines ze bastelen an drop opmierksam ze maachen, wéi wichteg et fir eis Ëmwelt ass ze recycléieren.

 

Material

  • 1 Eeërkëscht
  • Schéier
  • Pech
  • Gouache oder Acrylfaarf (wäiss a rout)
  • Pinsel
  • Tuschfaarwen

Virbereedung

  • Kuck emol am Pabeierkuerf, do ass bestëmmt eng eidel Eeërkëscht dran.
  • Schütz deng Kleeder an den Dësch, op deem’s du schaffs, éier et mat der Acrylfaarf lass geet. Déi geet net méi aus de Kleeder eraus.
  • Hues du alles, wat’s du brauchs, parat? Da kann et lassgoen!

Oflaf

1Schneit eng Eeërkaul aus der Eeërkëscht eraus.

Schneit d’Borde propper of, esou datt d’Eeërkaul op der Kopp flaach stoe bleift.

2Schneit d’Oueren aus dem Deckel vun der Eeërkëscht.

Mol mat wäisser Faarf dat Bannescht vun den Oueren, a looss se dréchnen.

3Mol mat der Tuschfaarf d’Gesiicht op d’Eeërkaul.

Mam Pinsel kanns du d’Nues rosa fierwen a mat wäiss e Schnurres molen.

Wann’s du rout a wäiss mëschs, kriss du rosa.

4Wann d’Ouere bis dréche sinn, kanns du se hannen op den Huesekapp pechen.

Däin Hues ass fäerdeg!

Sources:
https://www.teteamodeler.com/activite/bricolage/paques/lapin4.asp
https://www.craftymorning.com/egg-carton-bunny-craft-kids/