Jippelcher 1

Alter4 -12
Dauer30 Minutten
Kuerzbeschreiwung

An dëser Bastelaktivitéit léiers du, wéi een eng Pop-Up-Kaart selwer bastele kann.

Villäicht hues du schonn e Pop-Up-Buch doheem a weess, datt de Wow-Effekt beim Opmaache garantéiert ass.

Hei bastele mir eng Pop-Up-Kaart mat engem Jippelchen. Du kanns mat dëser Method awer och lauter aner Pop-Up-Déiere bastelen. Iwwerrasch deng Elteren oder Geschwëster mat der fäerdeger Kaart, gehei engem, deen’s du gär hues an dee bei dir an der Géigend wunnt, d’Kaart a seng Bréifboîte oder verschéck se mat der Post.

Vill Spaass!

Material

  • faarwege Bastelpabeier
  • schwaarzen Tuschbic
  • Zierkel (oder Glas)
  • Schéier
  • Pech

Virbereedung

  • Sich 4 verschidde faarweg Blieder eraus.
  • Falls du kee faarwege Bastelpabeier hues, kanns du och wäisse Pabeier selwer faarweg molen (pass dobäi op deng Kleeder an den Dësch op).
  • Kuck no, dass du alles, wat u Material gebraucht gëtt, bei Hand hues.
  • Fir propper a gutt ze pechen, kanns du e Blat als Ënnerlag benotzen.

Oflaf

1

 

Fir dem Jippelche säi Kierper gi 6 gläich grouss Kreesser ausgeschnidden. Benotz en Zierkel oder e Glas, fir se opzezeechnen.

Fal all Krees an 2.

2

Huel eng aner Faarf Pabeier a schneit en Dräieck eraus, fir de Schniewel ze maachen.

 

3

Lo ginn déi gefaalte Kreesser unenee gepecht.

Nom drëtten hallwe Krees kanns du de Schniewel oppechen an dann eréischt déi nächst 3 hallef Kreesser weider pechen.

Dem Jippelche säi Kierper ass elo fäerdeg.

4

Huel en neit Blat Pabeier, fal et de breede Wee an zwee, a klapp et nees op.

Pech d’Jippelchen dohin, wou d’Fal ass. Pass op, datt d’Fale vum Jippelchen an d’Fal vum Blat genee openeepassen.

Dat ass wichteg, fir datt de Pop-Up-System funktionéiert.

5

 

 

Elo kommen déi lescht Dekoratiounen :

  • Schneit Gras-Deko eraus a pech se ënnen op d’Blat.
  • Mol d’Aen an d’Bee vum Jippelche mam Tuschbic.
  • Schneit d’Flilleken eraus a pech se op d’Säite vum Jippelchen.
  • Schneit 2 kleng Häerzformen eraus, fir d’Féiss ze maachen, a pech se op.

Deng Pop-Up-Jippelcherskaart ass fäerdeg.

Vill Spaass beim Op- an Zouklappen!

Source: https://www.youtube.com/watch?v=atNZ4O5iuho