Jippelcher 2

Alter3-12
Dauer30 Minutten
Kuerzbeschreiwung

Dës Wäistopp-Stempel-Aktivitéit léiert dech, wéi ee super léif kleng Jippelcher erbäizaubere ka mat wéineg Material a wéineg Opwand.

Du brauchs just e Wäistopp an e bësse Faarf a scho kanns du direkt droplassstempelen!

Mat dëser Iddi kanns du geschwë schéin nei Konschtwierker bei dir doheem ophänken.

Material

  • Wäistopp
  • Giel Faarf (Gouache oder Fangerfaarf)
  • Schwaarzen Tuschbic
  • Wäisse Print-Pabeier
  • Orangë Bastelpabeier (oder wäisse Pabeier faarweg maachen)
  • Schéier
  • Pech

Virbereedung

  • Schütz deng Kleeder an däin Aarbechtsdësch, éier’s du mat leefeger Faarf mools.
  • Kuck no, datt alles, wat’s du u Material brauchs, parat läit.
  • Schëtt e bësse vun denger leefeger gieler Faarf an en Dëppchen (z.B. en eidelt Jughurtsdëppchen oder den Deckel vun engem eidele Gebeessglas). Esou kënns du besser mam Wäistopp drun a kanns den Iwwerfloss vu Faarf driwwer ofdrëpse loossen.

Oflaf

1

Zapp däi Wäistopp an d’Faarf a stempel einfach op dengem wäisse Blat drop lass.
2

Wann d’Faarf dréchen ass, kanns du denge Jippelcher mam schwaarzen Tuschbic Been a Féiss molen.
3

Diebel en oranget Blat an zwee, a schneit aus dem gediebelte Bord d’Schniewele fir deng Jippelcher eraus.

Pech se an d’Mëtt vum Jippelche sengem Kierper.

4Mol dem Jippelche seng Ae mam schwaarzen Tuschbic.
5

Lo sinn d‘Flilleken drun. Maach dofir just e bësse Faarf op de Bord vum Wäistopp an dréck en e puer Mol op de Säite vun all denge Jippelcher of.

Gutt gemaach! Deng Jippelcher si fäerdeg.

Source :  https://www.craftymorning.com/wine-cork-chicks-craft-kids/