Kork-Seegelboot

Alter5-12
Dauer15-30 Minutten
Kuerzbeschreiwung

Bau dir däin eegent Seegelboot! Dat wäert dir sécher gefalen, a wann d’Boot och nach schwamme kann, ass et nach besser, well een da richteg stolz op sech ka sinn. Op déi nächst Bidde gëtt sech gefreet, well fir Spill a Spaass ass gesuergt mat dësem klenge Kork-Seegelboot.

Mat e puer Géigestänn, déi am Haushalt einfach ze fanne sinn, kanns du a kuerzer Zäit e coolt Seegelboot selwer bauen. Eng vereinfacht Versioun fir déi méi Kleng an eng méi stabil Versioun mat Anker fir déi méi Grouss.

Kork ass en ideaalt Material fir Booter ze bauen, an zwar well et um Waasser schwëmmt. Weess du dann och, firwat dat esou ass?

Majo ganz einfach, well Kork méi liicht ass ewéi Waasser.

Du kanns däi Boot dobaussen op enger Baach oder engem Séi ausprobéieren. Du kanns et awer och doheem an enger Schossel voll Waasser oder an der Bidde schwamme loossen an denger Fantasie fräie Laf loossen, andeem’s du dir spannend Piraten- oder Wikinger-Geschichten dobäi ausdenks.

.

Material

  • 3 Korken (+ 1 Kork fir en Anker)
  • 1 Zännstocher (+ 1 fir en Anker)
  • 2 Lastiker
  • Schnouer
  • Bastelpabeier fir d’Seegel (oder:  Bastelschaumstoff, Plastik, Stoff, asw…)
  • Schéier
  • Pech (optional)
  • Hoerspray (optional)
  • 1 kleng Schrauf (optional)
  • Schrauwenzéier (optional)
  • Cutter (optional)

Virbereedung

  • Lo geet et drëm, doheem op d’Sich ze goen, an all d’Material ze fannen, dat’s du brauchs. Déi meescht Saache fënns du bestëmmt an der Kichen.
  • Mam Seegelmaterial kanns du kreativ sinn a probéieren eppes ze fannen, wat och am Waasser duerhält.

Zum Beispill:

  • Pabeier, Kartong oder Stoff mat Hoerspray asprayen, dat mécht d’Material fir eng kuerz Zäit waasserdicht.
  • Eng aner Iddi ass e Stéck Plastik am Haushalt ze fannen. En aalt Schnellheft zum Beispill kann sech wonnerbar an ee Seegel verwandelen.

Oflaf

1Wéckel 2 Lastiker ëm déi 3 Korken fir d’Basis vun dengem Boot ze bauen.

Falls deng Lastiker dem Boot net genuch Stabilitéit ginn, da pech als éischt déi 3 Korken uneneen a wéckel dann eréischt d’Lastiker ronderëm.

 

2

 

 

Fir de Mast vum Seegelboot ze bauen, muss du den Zännstocher an d’Mëtt vun denger Korkbasis erastiechen.

Den Zännstocher soll gutt fest am Kork sinn. Falls dat schwéier fir dech ass, gëtt et en Trick: Huel eng dënn Schrauf, a schrauf se mam Schrauwenzéier e puer mol eran an nees eraus. Dann hues du schonn e Lach fir den Zännstocher dran ze stiechen. Wann’s du nach ni mat engem Schrauwenzéier geschafft hues, da fro deng Elteren dir ze weisen, wéi et geet, an opzepassen, datt’s du dir net wéi dees.

3Fir d’Seegel ze bastelen, schneit entweder en Dräieck oder e Véiereck aus Pabeier, Schaumstoff, Plastik oder Stoff aus, deen déi selwecht Héicht huet wéi däin Zännstocher.

Pick den Zännstocher duerch däi Seegel, esou wéi um Bild hei drënner.

4Fir däi Seegelboot duerch d’Waasser ze zéien, kanns du e Stéck Schnouer un däi Boot strécken.
Wéckel d’Schnouer duerch d’Lastiker a maach e Knuet.
Däi Seegelboot ass fäerdeg.
5Du kanns dengem Boot och nach en Anker bastelen. Dofir brauchs du nach e klengt Stéck Kork, 2 hallef Zännstocher an e kuerzt Stéck Schnouer. Stiech en hallwen Zännstocher an d’Seegelboot an een an de Kork-Anker, verbann se mat der Schnouer.

Lo kann däi Boot och ugestréckt ginn.

Opgepasst: De Kork muss fir dëse Schrëtt mam Cutter oder mam Messer geschnidde ginn. Well dat geféierlech ka sinn, solls du heifir deng Elteren ëm Hëllef oder Opsiicht froen! An natierlech eng Ënnerlag virbereede fir ze schneiden.

Source: https://innerchildfun.com/2013/07/quick-craft-for-kids-toy-boats.html