Origami Lieszeechen

Alter4-12
Dauer20 – 30 Minutten
Kuerzbeschreiwung

Mat dësem Atelier kënne grouss a kleng Lieser sech ameséiere flott Origami Lieszeeche selwer ze bastelen, a Form vun Déieren, Monsteren oder aner beléifte Figuren. Looss denger Virstellungskraaft fräie Laf, andeems du all méiglech Faarwen an Dekoratioune benotz. Mat enger einfach verständlecher Faltechnik an enger grousser Auswiel un Dekoratiounen zum Beispill Aen, Zänn, Mënner a Nuesen, kanns du dech ameséieren eng ganz Band vu léiwe Männercher ze bastelen, déi dir Gesellschaft leeschte beim Liesen.

Material

  • faarwege Pabéier (oder wäisse Pabéier usträichen oder bemoolen)
  • A4 Print Pabéier
  • Schéier
  • Pech
  • Tuschfaarf
  • Origami Faltechnik
  • Schablounen

Virbereedung

  • Schablounen op A4 Pabeier printen
  • Origami Faltechnik bei Hand hunn
  • Falls du däi Pabeier mat Waasserfaarwen oder Tuschfaarwe bemools, da schütz deng Kleeder an deng Aarbechtsfläch viru méigleche Flecken.

Oflaf

1Schneit de Pabeier op eng quadratesch Form. Zum Beispill: 20cm x 20cm
2

 

Fal däi Pabeier esou, wéi et op der Origami Faltechnik gewisen ass.

3Falls du nëmme wäisse Pabeier zur Verfügung hues, ass elo de Moment de wäissen Origami faarweg ze maachen.
4Schneit déi Dekoratiounen aus déi dir gefalen a pech se op däin Origami Lieszeechen. Schonn ass däi Liespartner fäerdeg!
5Falls du inspiréiert bass, kanns du weider Dekoratioune mat der Tuschfaarf dobäi maachen. A wann et dir gefall huet, kanns du gäre weider Origami Lieszeechen fir all deng Liblingsbicher bastelen.

Quell: https://wir-testen-und-berichten.de/lesezeichen-basteln-kinder-monster-tiere-herz/