Schutzmask bitzen

Alter6-12
Dauer1-2h
Kuerzbeschreiwung

Vill Leit bitze sech doheem hier eegen Otemmask.
Bitz och du deng eege Mask, déi’s du doheem an awer och dobaussen undoe kanns.

GANZ WICHTEG ASS AWER ZE SOEN, DATT ESOU ENG MASK KEE SÉCHERE SCHUTZ VIRUM VIRUS ASS, MEE SE KANN HËLLEFEN, DOZOU BÄIZEDROEN, DATT LEIT, DÉI UGESTACH SINN, ANERER NET USTIECHEN. DIR SOLLT IECH WEIDERHIN UN DÉI ANER VIRGESCHRIWWE RICHTLINNEN HALEN: KEEN ANERE BERÉIEREN, EN OFSTAND VUN 2 M HALEN, D’HÄNN OFT A GRËNDLECH WÄSCHEN, AN DEN IELEBOU NÉITSEN/HOUSCHTEN, PROBÉIERE SECH NET AN D’GESIICHT ZE FUEREN. ET ASS OCH WICHTEG ZE WËSSEN, DATT DENG SCHUTZMASK, GENAU SOU WÉI DENG HÄNN, ËMMER NEES AM LAF VUM DAG KNASCHTEG GËTT. MIR RECOMMANDÉIEREN DIR OCH, DENG MASK REEGELMÉISSEG (AM BESCHTEN NO ALL KÉIER, WOU’S DU SE GEDROEN HUES) BEI 60 GRAD AN DER WÄSCHMASCHINN ZE WÄSCHEN.

Quellen:
https://www.wort.lu/de/international/experte-mundschutz-selbst-naehen-ist-keine-abwegige-idee-5e71b4c4da2cc1784e3590da
https://www.rtl.lu/news/national/a/1488124.html

Material

  • 20 cm x 40 cm Kottengs-Stoff (Alternativ : aalt Hiem, Dëschelduch, Kichenduch)
  • 20 cm x 35 cm Kottengs-Fudderduch (Alternativ: aalt Bettgedecks, stoffen Nuesschnappecher)
  • Lastik (Alternativ: Schnouer, Stréckel, Lastik aus enger aler Pyjamasbox, vun engem ale Schutzbrëll, oder en aalt Hoerband)
  • Schnëttmuster vun der Mask (PDF)
  • Schéier
  • Bläistëft
  • Bitznol
  • Versécherungsspéngelen
  • Fuedem

Oflaf

1Schneit d’Schnëttmuster op déi gewënschte Gréisst eraus.
2

 

Fal däi Stoff an 2 a spéngel d’Schnëttmuster drun.

3Fuer mam Bläistëft laanscht d’Borden an zeechen och d’Noutzugab ronderëm esou wéi et um Schnëttmuster steet (plus 1 cm iwwerall, ausser op de kuerze Säiten, do muss du 2,5 cm dobäi rechnen).
4Schneit de Stoff laanscht d’Noutzugab aus.
5Maach dat selwecht mam Fudderduch-Stoff (hei sinn et iwwerall plus 1 cm Noutzugab).

Bitzen (mat der Hand oder mat der Bitzmaschinn):

6Bitz déi laang Nout an der Mëtt zou. 1 x am Haaptstoff an 1 x am Fudderduch.

7Lee d’Fudderduch an den Haaptstoff esou datt déi mëttel Néit openeepassen. Diebel déi iewescht an ënnescht Nout ëm a bitz déi zwee Stoffer uneneen. Looss d’Säiten awer nach op.

Wann’s du dech scho mam Bitzen auskenns, kanns du och déi zwee Stoffer bannen/baussen openee leeën, zoubitzen an dann de Stoff duerch d’Säitenëffnungen ëmdréinen.

8

 

 

 

Lo kanns du d’Säiten-Noutzugab ëmschloen an e Kanal bitzen.

9Probéier als éischt deng Mask un, éier’s du de Lastik zoubitz.

Zéi de Lastik duerch déi zwee Säitekanäl erduerch a maach e Knuet oder bitz déi zwee Enner vum Lastik uneneen.

Klengen Tipp fir de Lastik einfach duerch de Kanal ze kréien :
Befesteg eng Versécherungsspéngel un de Lastik, an zéi dës duerch de gebitzte Kanal erduerch.