Spuerschwéngchen

Alter6-12
Dauer1-1,5 Stonnen
Kuerzbeschreiwung

Upcycling ass e Begrëff an e Konzept, dat mëttlerweil jidderengem bekannt ass: Aus ale Saachen, oder souguer aus Saachen, déi schonn um Wee fir an d’Dreckskëscht waren, eppes Schéines an Neies maachen an dat am beschte selwer. Upcycling ass och nach gutt fir d’Ëmwelt, well mir dann net sou vill Saachen ewechgeheien. Genau dorëm geet et an dëser Bastelaktivitéit.

Ausserdeem ass et ëmmer gudd, e bëssen ze spueren. Mat dësem flotten Upcycling-Projet kanns du dir aus eidele Plastiksfläschen ee Spuerschwéngche bastelen.

E bësse schneiden, e bësse fierwen, dann nach dekoréieren a schonn ass et fäerdeg!

Material

  • 1 eidel Plastiksfläsch
  • 4 Stëpp vun eidele Plastiksfläschen
  • Gouache oder Acrylfaarf
  • Pinsel
  • Pech
  • Schéier
  • Cutter
  • rosae Bastelpabeier oder wäissen Zeechepabeier
  • Schwaarzen Tuschbic
  • Wackelaen (optional)
  • Päifebotzer oder Drot (optional)

Virbereedung

  • Schütz deng Kleeder an den Dësch, op deem’s du schaffs, éier et mat der Acrylfaarf lassgeet. Déi geet net méi aus de Kleeder eraus.
  • Falls et fir dech nach schwéier ass, fir d’Plastiksfläsch selwer ze schneiden, da fro deng Elteren, fir dir bei de Schrëtter 1 an 2 ze hëllefen.
  • Lies den Oflaf eng Kéier ganz duerch, éier’s du ufänks ze schaffen.

Oflaf

1

 

 

 

Schneit d’Plastiksfläsch an der Mëtt op, sou datt’s du 2 Deeler kriss.

Verkierz d’Fläsch, andeem’s de mam Cutter an der Mëtt vun der Fläsch eng Sträif ewechschneits an dann deen ieweschten an deen ënneschten Deel vun der Fläsch nees anenee stéchs.

Du kanns bei dësem Schratt och Pech benotzen, fir datt d‘Fläsch besser zesummenhält.

2

 

 

Schneit eng Ëffnung, déi mindestens 3 cm laang an 4 mm breet ass, an d‘Mëtt vum Réck.

Spéider sollen deng Suen hei kënnen duerchfalen.

3

 

 

 

Sträich d’Fläsch gläichméisseg mat der rosaer Faarf (oder enger anerer Faarf, déi dir gefält) un.

Sträich och déi 4 Plastiksstëpp un, mat rosa oder enger anerer Faarf. Looss alles e puer Minutten dréchnen.

Pech déi 4 Stëpp ënnert d’Fläsch, esou datt däi Schwéngche vum selwe stoe bleift. Pass op, datt deng Ëffnung uewen ass!

4

Lo kanns du dekoréieren:

  • Pech d’Wackelaen op.
  • Dréin ee rosa Päifebotzer zu engem gekréngelte Schwanz a pech deen hannen op deng Fläsch.
  • Schneit d’Oueren aus rosaem Zeechepabeier aus a pech se op. (Looss 1 cm Rand ënnert den Oueren an diebel deen ëm, fir duerno d’Ouere besser oppechen ze kënnen)
  • Mol Nueslächer mat engem Tuschbic op den Haaptstopp vun der Plastiksfläsch.

Däi Spuerschwéngchen ass fäerdeg!

5

 

Alternativen zu de Wackelaen an dem Päifebotzer-Schwanz:

  • Fir d’Aen: Schneit 2 kleng Rondelen aus wäissem Zeechepabeier aus a mol schwaarz Punkten dran.
  • Fir de Schwanz: Schneit eng 15 cm laang Sträif Pabeier aus, fierf se, wéckel se ëm däi Fanger, a schonn hues du e léiwe gekréngelte Schwanz fir däi Spuerschwéngchen.
  • Du kanns och nach ee Stéck Drot un däi Pabeier pechen, fir dem Schwanz méi Stabilitéit ze ginn.
  • Wann’s du Filzstoff doheem hues, kanns du de Schwanz an d’Oueren och domat bastelen.

Source: https://www.genialetricks.de/sparschwein_pt/