Tic Tac Toe

Alter4-12
Dauer10-15 Minutten
Kuerzbeschreiwung

Tic Tac Toe (3 gewënnt) ass e klassescht Strategiespill.

Jee nodeem kënnen d’Reegele vum Spill och online nach eng Kéier nogelies ginn.

Material

  • 10 Plastiks- oder Metall-Stëpp
  • Schwaarze Stëft
  • Optional: e mëttelgrousst Amaachglas mat Deckel
  • Blat Pabeier
  • Lineal
  • Schéier

Virbereedung

10 Fläschestëpp propper maachen an dréchne loossen.

Oflaf

15 Deckele mat „X“ a 5 mat „O“ kennzeechnen an dréchne loossen. D’Alternativ ass, 2 verschidde Faarwen amplaz vun Zeechen ze verwenden (z.B. giel a rout).
2DIN A4 Pabeier zu engem grousse Quadrat vun 21 x 21 cm schneiden.

(Tipp: eng DinA4 Säit huet schonn 21 cm).

3Mat engem Stëft de grousse Quadrat an 9 gläichgrouss Quadrater vu 7×7 cm ënnerdeelen.

Tipp: Op all Säit vun deene 4 Säiten eng Markéierung bei 7 a 14 cm maachen an dann déi géigeniwwerleiend Punkte matenee verbannen, sou datt e Muster (Gitter) entsteet.

4Op alle Linnen d’Blat an 2 Richtunge falen, sou datt een d’Spillfeld zu engem Quadrat zesummefale kann an et am Glas verstaue kann.
5D’Spillreegelen nach eng Kéier duerchliesen a bei Bedarf dem Kand / de Kanner erklären.

Vill Spaass beim Spillen.