Mam Kapp an de Wolleken …

Alles dréint am Moment méi lues an d’Natur weist sech vun hirer schéinster Säit.

Huel dir Zäit, fir dech eraus op eng Bänk ze setzen an de Wolleken nozekucken.

  • Wéini hues du fir d’lescht de Wolleken nogekuckt? Kuck emol erop an den Himmel, villäicht fënns du witzeg Fantasiebiller an de Wolleken, déi laanscht zéien.
  • Maach deng Aen zou a lauschter der Natur no. Wéi eng Geräischer héiers du all, elo wou manner Autoen ënnerwee sinn?