• Mam Kapp an de Wolleken …

    Alles dréint am Moment méi lues an d’Natur weist sech vun hirer schéinster Säit.

    Huel dir Zäit, fir dech eraus op eng Bänk ze setzen an de Wolleken nozekucken.

    • Wéini hues du fir d’lescht de Wolleken nogekuckt? Kuck emol erop an den Himmel, villäicht fënns du witzeg Fantasiebiller an de Wolleken, déi laanscht zéien.
    • Maach deng Aen zou a lauschter der Natur no. Wéi eng Geräischer héiers du all, elo wou manner Autoen ënnerwee sinn?
  • Maach eppes Guddes …

    Bei de Scoute gëtt ëmmer nees vu BA’e geschwat. Hannert dësen zwee Buschtawe verstoppe sech d’Wierder “Bonne Action”. Iwwerlee och du dir eng “Bonne Action”, z.B. fir deng Elteren oder deng Frënn.

    • Maach anere Kanner eng Freed, déi net souvill doheem hunn. Sortéier déi Spillsaachen a Bicher aus, déi’s du net méi brauchs oder net méi wëlls.
  • Wann’s du am Internet ënnerwee bass …

    Wann’s du am Internet ënnerwee bass, solls du ëmmer gutt oppassen, op wéi eng Felder s du klicks. Iwwerlee gutt, éier s du op eppes klicks, well hannert engem Link oder engem Bild ka sech och mol e Virus fir däi Computer verstoppen.
    Änlech wéi an dësem Spill ass e Virus am Internet schwéier erkennbar.
    Fënns du d’Viren hei am Spill all?
    >> Virus – Spill <<

  • E Fotoalbum

    Wann ee sech mol traureg fillt, kann ee sech duerch Fotoe kucken u schéi Momenter erënneren, déi ee mat aneren erlieft huet.
    Villäicht hues du nach e puer Fotoen um Handy, Computer oder einfach an denger Kummer, déi’s du zu engem schéine klenge Fotoalbum kanns zesummebastelen.

  • Tank Energie!

    Et ass wichteg, dass du eraus an d’frësch Loft kënns, fir nees nei Energie ze tanken. Dofir kuck emol hei op dësem Site, no néie Wanderweeër. Pak däi Bidon an eppes Klenges fir ze knabberen an däi Rucksak – a lass geet et.
    >>Geoportail<<
    >>Visit Luxembourg<<

  • Ee kuerze Moment, nëmme fir dech …

    Huel dir all Dag ee kuerze Moment nëmme fir dech. Schreif Tagebuch. Et ass flott, seng Gedanken an Andréck vum Dag nidderzeschreiwen. Et kann dir dobäi hëllefen:

    • deng Gedanken ze sortéieren,
    • erauszefannen, wat’s du gäre méchs,
    • dech spéider un déi aktuell Situatioun ze erënneren,
    •  …
  • Test deng Passwierder!

    Huel dir elo Zäit doheem an test eng Kéier deng Passwierder – sinn déi all sécher genuch?
    Probéier et einfach emol aus mam Passwort Tester vu BEE SECURE.
    >>Test deng Passwieder<<

  • Gleef net alles!

    Gleef net ëmmer alles, wat’s du um Internet gesäis – souguer Gesiichter sinn net ëmmer echt!
    Kanns du déi echt Gesiichter vun deenen ënnerscheeden, déi e Computer gemaach huet?
    >>Which face is real – Spill<<

  • Quell: familienleben.ch

    Du dierfs dech och mol langweilen!

    “Dolce far niente” – Das süße Nichtstun, ka ganz entspanend sinn. Chillen, gammelen oder einfach mol näischt maachen… Dacks kënnt awer zimmlech séier dat Gefill vu “sech langweilen” op. Dobäi ass “Langweil” näischt Schlëmmes –  am Géigendeel, sech e bëssen ze langweilen ass gesond a bréngt dech derzou, kreativ ze ginn a mol Neies auszeprobéieren.


    Quell: familienservice.de
  • Raum deng Kummer!

    E bekannt Spréchwuert vum Albert Einstein seet: “Nur der Kluge hält Ordnung, das Genie beherrscht das Chaos”. Sou flott dëse Sproch och ass, heiansdo ass et awer méi gemittlech, fir an engem geraumten Zëmmer ze spillen an ze léieren. Mat dëse klenge Rotschléi bleift däin Zëmmer uerdentlech, a si hëllefen dir och am Alldag Zäit ze spueren:

    • Alles an denger Kummer huet eng fest Plaz,
    • Maach all Dag däi Bett (verschidde Routinnen hëllefen dir, gutt an den Dag ze starten),
    • Raum däi Büro virun an nom Léiere fräi,
    • Trenn dech vu Saachen, déi’s du scho laang net méi benotzt hues.

    Dat Bild hei ass vun engem bekannte Kënschtler, dem Ursus Wehrli.
    Hie raumt immens gär, kuckt iech et mol méi genau hei ënnendrënner an deenen zwee Videoen un.
    >>Kunst aufräumen – Sendung mit der Maus (Video I)<<
    >>Kunst aufräumen – Sendung mit der Maus (Video II)<<

  • Denk Positiv!

    Versich positiv duerch d’Liewen ze goen! Sief kreativ a maach Saachen, déi’s du soss net méchs. Wann et dir eemol net sou gutt geet an’s du d’Gefill hues, datt keen do ass fir dir nozelauschteren, zéck net, a ruff op de Kanner- / Jugendtelefon un.

    • Kanner- / Jugendtelefon: 116111
      Online: www.kjt.lu 
      Elterentelefon: 26 64 05 55

    Quell: Kanner- /Jugendtelefon
  • Sou dierf d’Welt mech gesinn!

    Als Kand muss een oppassen, wat een am Internet vu sech weist a wéi ee sech weist. Ouni d’Elteren ze froen, sollt ee säin Numm a säi Gesiicht net weisen. Erfann der dach einfach en „Nickname“ an och e Bild vun dir!
    >>Sou dierf d’Welt mech gesinn – Spill<<

  • Komm zur Rou – Cooldown

    Du kanns net sou gutt aschlofen? Wéi wier et mat enger klenger Yoga Sessioun mat denger Famill? Dëse Video hëlleft dir dobäi, dech virum schlofe goen ze entspanen :


    Quell: YouTube – KinderYoga
  • Wäsch deng Hänn gutt!

    Du frees dech ëmmer nees, firwat et wichteg ass, deng Hänn gutt ze wäschen? Kuck dir mol dëse Video un:
    >>Experiment<<
    Hues du gesinn, wéi duerch d’Seef all Pefferkär senger Wee gaangen ass? Denk all Kéier drun, dir genuch Zäit ze huelen, fir deng Hänn grëndlech ze wäschen. Dëse Video hëlleft dir dobäi:
    >>Richtig Hände waschen<<

  • Kuck gezielt Noriichten!

    Maach dech net verréckt a kuck net ze vill Noriichten! Bréng dech nëmmen ee bis zweemol am Dag op den neiste Stand. Benotz zouverlässeg Quelle wéi z.B.
    >>Logo! – Eure Nachrichten<<

  • De Corona Virus kandgerecht erklärt

    Eng Fro – Eng Äntwert ! Och d’Kanner wëlle verstoen, firwat am Moment alles anescht ass. Huelt Iech zesummen Zäit fir dëse Froen nozegoen a kandgerecht Äntwerten ze fannen. Dobäi ass et wichteg, d’Kanner net mat all dësen neien Informatiounen ze iwwerfuerderen. Hei zwee flott Videon, déi weisen, wéi ee sengem Kand de Coronavirus kandgerecht erkläre kann.


    Source: Das Coronavirus Kindern einfach erklärt (Stadt Wien)

    Source: Vimeo