Alter |
4-12 |
Dauer |
20 – 30 Minutten |
Mat dësem Atelier kënne grouss a kleng Lieser sech ameséiere flott Origami Lieszeeche selwer ze bastelen, a Form vun Déieren, Monsteren oder aner beléifte Figuren. |
Foto(s)
Image
![]()
Image
![]() |
Material
- faarwege Pabéier (oder wäisse Pabéier usträichen oder bemoolen)
- A4 Print Pabéier
- Schéier
- Pech
- Tuschfaarf
- Origami Faltechnik
- Schablounen
Virbereedung
- Schablounen op A4 Pabeier printen
- Origami Faltechnik bei Hand hunn
- Falls du däi Pabeier mat Waasserfaarwen oder Tuschfaarwe bemools, da schütz deng Kleeder an deng Aarbechtsfläch viru méigleche Flecken.
Oflaf
Schrëtt 1
|
Schneit de Pabeier op eng quadratesch Form. Zum Beispill: 20cm x 20cm |
Schrëtt 2
|
Fal däi Pabeier esou, wéi et op der Origami Faltechnik gewisen ass.
Image
![]()
Image
![]()
|
Schrëtt 3
|
Falls du nëmme wäisse Pabeier zur Verfügung hues, ass elo de Moment de wäissen Origami faarweg ze maachen. |
Schrëtt 4
|
Schneit déi Dekoratiounen aus déi dir gefalen a pech se op däin Origami Lieszeechen. Schonn ass däi Liespartner fäerdeg!
|
Schrëtt 5
|
Falls du inspiréiert bass, kanns du weider Dekoratioune mat der Tuschfaarf dobäi maachen. A wann et dir gefall huet, kanns du gäre weider Origami Lieszeechen fir all deng Liblingsbicher bastelen. |