Léif Kanner,
Fréier wann de Kapitän mat senger Mannschaft mam grousse Seegelschëff fir eng grouss Rees opgebrach ass, da woussten si ni sou genau wéi laang dat géif daueren a wat si alles géifen do erliewen.
Munchmol haten si ganz vill ze schaffen, mee wa keng Loft war an hiert Seegelschëff net konnt fueren, dann hunn si sech fuerchtbar gelangweilt. Wa Matrousen näischt ze schaffen haten, dann huet de Kapitän hinnen ëmmer eng Aufgab, eng sougenannten Aktivitéit ginn, fir datt si sech net langweilen.
Aner Deeg huet hien hinnen eppes ze bauen oder ze schaffe ginn. A wann seng Matrouse mol net gutt drop waren an e bëssen d’Flemm haten, dann huet hien si mat engem flotte Sproch erëm opgemontert. De Kapitän, dee schonn iwwert all d’Mierer vun der Welt geseegelt war a ganz vill Saache wosst, huet senge Matrousen och mol ëmmer gären deen een oder aneren Tipp ginn, fir datt si gesond a monter op hirer Rees bliwwe sinn.
An all Owend huet de Kapitän ganz genau a säi Logbuch opgeschriwwen, wat si den Dag iwwer sou erlieft haten, datt hien sech fir ëmmer u seng Rees konnt erënneren.
Léif Kanner, am Moment sëtze mir och all an engem Boot. Mir kënnen net wéi soss an d’Schoul oder an d´Maison Relais, och net an de Sport oder an d´Musek a mir kënnen och eis Frënn a Famill net méi besiche goen. Déi ganzen Zäit doheem ze sinn, kann heiansdo ganz schéi langweileg ginn. An dofir hu mir, sou wéi de Kapitän fréier fir seng Matrousen, fir iech eng Rei flott Saache preparéiert.
Kommt all Dag bei eis op de Site kucken, wat mir eis fir iech ausgeduecht hunn.
Ahoi!
Léif Elteren,
den Ament si mir an enger Situatioun, wéi mir se nach ni virdru kannt hunn. Mir wëssen, datt et net ganz einfach wäert sinn, d’Kanner de ganzen Dag sënnvoll doheem ze beschäftegen. Dofir proposéiere mir Iech all Dag, vu Méindes bis Freides, hei op dësem Site Aktivitéiten, wéi Är Kanner e puer flott Momenter kënne verbréngen. Kuckt Iech einfach déi verschidde Kategorien un, déi mir fir d’Kanner virbereet hunn. Dir fannt hei d’Rubriken “AKTIVITÉITEN”, “TIPP” a “SPROCH” vum Dag a ”LOGBUCH”, déi mir de Kanner uewe virgestallt hunn. Do dernieft hu mir och nach 2 weider Rubriken: de “LINK” vum Dag, wou Dir all Dag e flotten an interessante Link kënnt entdecken mat all méiglechen Aktivitéiten an Iddien fir d’Kanner an “TUTORIALS”, wou Dir flott Bastelaktivitéiten an Experimenter präsentéiert kritt.
Wann Dir wëllt, kënnt Dir gäre Fotoe vun Ären Aktivitéiten ënnert #KannerDoheem op Facebook oder Instagram deelen.
Mir sëtzen all an engem Boot an och wa mir am Moment kee perséinleche Kontakt kënnen hunn, sou ass et dach wichteg, net eleng ze sinn. #KannerDoheem ass eng Méiglechkeet fir matenee verbonnen ze bleiwen.
Beuecht dobäi awer wannechgelift
d’Recommandatiounen iwwert d’Verbreedung vu Biller vu BEE SECURE.
(Tipp Nummer 7)
Chers enfants,
Dans le passé, lorsque le capitaine et son équipage s’apprêtaient à faire de longs et périlleux voyages en bateau, ils ne savaient pas toujours combien de temps il leur faudrait pour arriver à bon port et à quelles aventures ils devaient s’attendre.
Parfois, il y avait beaucoup de travail sur le navire, mais quand le vent s’arrêtait et que le voilier ne pouvait plus naviguer, les matelots commençaient à terriblement s’ennuyer. Ainsi, quand il y avait trop peu d’activité, le capitaine faisait preuve d’originalité et proposait des tâches à ses matelots, afin de remédier à leur ennui. Il appelait ces tâches activités.
Le reste du temps, il chargeait son équipe de faire des réparations ou des travaux de bricolage. Et quand les matelots étaient de mauvaise humeur ou avaient la flemme, il essayait toujours de leur remonter le moral avec un dicton marrant. Ayant traversé les mers et océans du monde entier, le capitaine avait acquis beaucoup d’expérience et aimait donner des conseils pour que son équipage reste en pleine forme et de bonne humeur tout au long du voyage.
Tous les soirs, quand la nuit tombait, le capitaine se retirait pour rapporter le vécu du jour par des inscriptions dans le journal de bord. Cette documentation exacte lui permettrait plus tard de toujours se souvenir de ses aventures.
Chers enfants, en ce moment, nous nous trouvons tous dans le même bateau. Nous ne pouvons pas aller à l’école ou à la Maison relais, ni aux sports, ni à l’école de musique, et nous ne pouvons pas non plus rendre visite à nos amis et à notre famille. Être à la maison tout le temps peut parfois être ennuyeux. C’est pourquoi nous avons imaginé, tout comme le capitaine le faisait pour son équipage à l’époque, quelques activités pour vous afin que nous puissions continuer notre voyage et faire face à l’ennui.
Consultez régulièrement notre site Web pour découvrir les nouvelles activités.
Bon vent !
Chers parents,
Nous nous trouvons actuellement dans une situation sans précédent. Nous sommes conscients qu’il n’est pas toujours facile de divertir et d’occuper intelligemment les enfants pendant toute la journée. Pour vous soutenir, nous proposons quotidiennement, du lundi au vendredi, des idées qui permettront à vos enfants de passer de bons moments. Il suffit de jeter un œil aux différentes sections que nous avons préparées pour les enfants. Vous trouverez ici les rubriques “ACTIVITÉS” “CONSEIL”, “DICTON” du jour et “JOURNAL DE BORD” présentées ci-dessus. À cela s’ajoutent deux autres rubriques: le “LIEN” du jour – où vous trouverez chaque jour un nouveau lien qui vous oriente vers de nombreuses activités et nouvelles idées – ainsi que les “TUTORIALS” où différentes activités de bricolage et expériences sont présentées.
Si vous le souhaitez, vous pouvez partager des photos de vos activités sur Facebook ou Instagram sous #KannerDoheem.
Nous sommes tous embarqués à bord du même navire et partageons la même responsabilité. Même sans contact personnel, il est important de savoir que nous ne sommes pas seuls. #KannerDoheem est une possibilité de rester en contact.
Veuillez toutefois veiller à respecter
les recommandations en matière de diffusion d’images de BEE SECURE.
(Tip numéro 7)