Coudre un masque de protection
Alter Âge |
6-12 |
Dauer Durée |
1-2h |
KuerzbeschreiwungVill Leit bitze sech doheem hier eegen Otemmask. Ganz wichteg ass awer ze soen, dass esou eng Mask kee séchere Schutz virum Virus ass, mee se kann hëllefen, dozou bäizedroen, datt Leit, déi ugestach sinn, anerer net ustiechen. Dir sollt iech weiderhin un déi virgeschriwwe Richtlinnen halen: doheem bleiwen, keen anere beréieren, en Ofstand vun 2 m halen, d’Hänn oft a grëndlech wäschen, an den Ielebou néitsen/houschten, probéiere sech net an d’Gesiicht ze fueren. Et ass och wichteg ze wëssen, dass deng Schutzmask, genau sou wéi deng Hänn, ëmmer nees am Laf vum Dag knaschteg gëtt. Mir recommandéieren dir och, deng Mask reegelméisseg (am beschten no all Kéier, wou's du se gedroen hues) bei 60 Grad an der Wäschmaschinn ze wäschen.Quellen:
RésuméBeaucoup de gens cousent leur propre masque de protection à la maison. Il est très important de préciser ici qu’un masque de ce genre ne protège pas contre le virus, mais il peut aider à faire en sorte que les personnes contaminées ne contaminent pas d’autres personnes à leur tour. Vous devez continuer à respecter les recommandations : rester à la maison, éviter les contacts étroits avec d’autres personnes, garder une distance de 2 mètres, se laver souvent et correctement les mains, éternuer/tousser dans le pli du coude, éviter de toucher son visage avec les mains. Il est important de savoir que ton masque de protection, tout comme tes mains, se salissent au cours de la journée. Nous te recommandons donc de régulièrement laver ton masque en machine à 60 degrés (idéalement après chaque utilisation).Sources: : |
Image
![]()
|
Material
- 20 cm x 40 cm Kottengs-Stoff (Alternativ : aalt Hiem, Dëschelduch, Kichenduch)
- 20 cm x 35 cm Kottengs-Fudderduch (Alternativ: aalt Bettgedecks, stoffen Nuesschnappecher)
- Lastik (Alternativ: Schnouer, Stréckel, Lastik aus enger aler Pyjamasbox, vun engem ale Schutzbrëll, oder en aalt Hoerband)
- Schnëttmuster vun der Mask (PDF)
Document
- Schéier
- Bläistëft
- Bitznol
- Versécherungsspéngelen
- Fuedem
Matériel
- 20 cm x 40 cm de tissu en coton (alternatives : vieille chemise, serviette, torchon)
- 20 cm x 35 cm tissu de doublure en coton (alternatives : vieux draps, mouchoirs en tissu)
- Élastique (alternatives : ficelle, lacet, élastique d’un vieux pantalon de pyjama ou de vieilles lunettes de protection ou encore un vieux bandeau pour cheveux)
- Patron de couture du masque (PDF)
Document
- Ciseaux
- Crayon
- Aiguille à coudre
- Epingle de sûreté
- Fil
Oflaf / Déroulement
Schnëttmuster ausschneiden / Découper le patron de couture :
Schrëtt 1 |
Schneit d’Schnëttmuster op déi gewënschte Gréisst eraus. |
Schrëtt 2 |
Fal däi Stoff an 2 a spéngel d’Schnëttmuster drun. |
Schrëtt 3 |
Fuer mam Bläistëft laanscht d’Bord’en an zeechen och d’Noutzugab ronderëm esou wéi et um Schnëttmuster steet (plus 1 cm iwwerall, ausser op de kuerze Säiten, do muss du 2,5 cm dobäi rechnen). |
Schrëtt 4 |
Schneit de Stoff laanscht d’Noutzugab aus. |
Schrëtt 5 |
Maach dat selwecht mam Fudderduch-Stoff (hei sinn et iwwerall plus 1 cm Noutzugab). |
Bitzen (mat der Hand oder mat der Bitzmaschinn) / Couture (à la main ou à la machine à coudre) :
Schrëtt 6 |
Bitz déi laang Nout an der Mëtt zou. 1 x am Haaptstoff an 1 x am Fudderduch. |
Schrëtt 7 |
Lee d’Fudderduch an den Haaptstoff esou datt déi mëttel Néit openee passen. Diebel déi iewescht an ënnescht Nout ëm a bitz déi zwee Stoffer uneneen. Looss d’Säiten awer nach op. Wann’s du dech scho mam Bitzen auskenns, kanns du och déi zwee Stoffer bannen/baussen openee leeën, zoubitzen an dann de Stoff duerch d’Säitenëffnungen ëmdréinen. Si tu es déjà expert(e) en couture, tu peux aussi placer les deux tissus retournés l’un sur l’autre, les coudre l’un à l’autre et retourner le tissu en passant par les ouvertures sur les côtés.
|
Schrëtt 8
|
Lo kanns du d’Säiten-Noutzugab ëmschloen an e Kanal bitzen.
|
Schrëtt 9
|
Probéier als éischt deng Mask un, éier’s du de Lastik zoubitz. Zéi de Lastik duerch déi zwee Säitekanäl erduerch a maach e Knuet oder bitz déi zwee Enner vum Lastik uneneen. Klengen Tipp fir de Lastik einfach duerch de Kanal ze kréien : Fais passer l’élastique dans les deux canaux sur chaque côté, fais un noeud ou couds les deux extrémités de l’élastique l’une à l’autre. Petite astuce pour faire facilement passer l’élastique dans les canaux : |