D'Logbuch
Léif Kanner,
dat wat mir am Moment alles erliewen, dat ass et nach ni virdru ginn an dir wäert bestëmmt nach ganz laang mat ärer Famill an äre Frënn doriwwer schwätzen. Vläicht erzielt dir souguer herno ären eegene Kanner, wat dir 2020 alles erlieft hutt.
Dofir wär et dach elo eng flott Iddi, sou wéi de Kapitän op senger Rees um Seegelschëff, e Logbuch ze féieren an alles, wat dir sou erlieft, wat schéin ass a wat vläicht manner schéin ass, opzeschreiwen. Huelt iech einfach en Heft oder e puer Blieder an e Classeur a schreift, moolt oder pecht Saachen do dran, déi iech beschäftegen. Da kënnt dir iech herno ëmmer un dës aussergewéinlech Momenter erënneren.
Léif Elteren,
fir Iech an Är Kanner, sou wéi fir eis all, sinn dat heite ganz aussergewéinlech Zäiten.
Mir denken, et wier eng gutt Saach, wann d’Kanner hir Erliefnisser, Andréck, Gefiller a Gedanke kéinten op enger Plaz ausdrécken a festhalen. Dofir lancéiere mir dës Iddi, datt d‘Kanner e Logbuch/Tagebuch kënne féieren.
Eisen Alldag ass net méi sou wéi mir e gewinnt waren, alles ass op der Kopp. Fir eis a besonnesch fir eis Kanner, ass et wichteg, och an dësen Zäiten e gewëssene Rhythmus am Dag bäizebehalen. D’Logbuch kéint Iech dofir als flott deeglecht Ritual eng Méiglechkeet bidden, zesumme mat Ärem Kand zu enger fester Auerzäit d’Andréck an d’Erliefnisser vum Dag festzehalen.
Och hei wier et flott, wann Dir, mam Averständnis vun Äre Kanner, déi eng oder aner Foto vum Logbuch ënnert #KannerDoheem op Facebook an Instagram géift deelen an sou am Austausch mat aneren Elteren a Kanner kéint sinn.
Beuecht dobäi awer wannechgelift
d’Recommandatiounen iwwert d’Verbreedung vu Biller vu BEE SECURE.
(Tipp Nummer 7)
Journal de bord
Chers enfants,
ce que nous vivons actuellement est inédit et longtemps encore on en parlera avec nos amis et notre famille. Peut-être raconterez-vous plus tard à vos propres enfants ce que vous avez vécu en 2020.
Ne serait-ce pas une bonne idée de faire comme le capitaine lors de ses longs voyages en voilier et de noter tout ce que vous vivez. Nous vous proposons de tenir un journal de bord et d’écrire, de peindre, ou encore de photographier les bons moments et les moments plus difficiles. Il suffit de prendre un cahier ou quelques feuilles et un classeur et d’écrire, dessiner ou coller des choses qui vous permettront de vous rappeler l’aventure actuelle plus tard.
Chers parents,
pour vous et vos enfants, ainsi que pour nous tous, ce sont des circonstances exceptionnelles.
Dans cette situation, nous proposons d’offrir aux enfants la possibilité d’exprimer leurs sentiments et de documenter leurs expériences, impressions, sentiments et pensées. C’est pourquoi nous vous proposons d’encourager vos enfants à tenir un journal.
Notre quotidien n’est plus comme d’habitude, tout à coup, tout est sens dessus dessous. En dépit des circonstances exceptionnelles, il est essentiel pour nous et surtout pour nos enfants de maintenir une vie quotidienne rythmée. Vous pouvez ainsi faire de la tenue du journal de bord un rituel quotidien amusant en enregistrant, tous les jours à une heure fixe, les impressions et le vécu de la journée dans le journal avec votre enfant.
Vous êtes invités, avec le consentement de vos enfants, à partager l’une ou l’autre photo du journal de bord sur Facebook et Instagram sous #KannerDoheem et ainsi entrer dans un échange virtuel avec d’autres parents et enfants.
Veuillez toutefois veiller à respecter
les recommandations en matière de diffusion d’images de BEE SECURE.
(Tip numéro 7)