Ëmaarmung

Gëtt et eng Persoun, déi’s du lo gäre géifs an den Aarm huelen, mee déi’s du aktuell net däerfs gesinn? Da schéck dëser Persoun einfach eng gebastelt Ëmaarmung.

Zeechen dofir als éischt d’Ëmrësser vun dengen 2 Hänn op e Stéck Pabeier oder Kartong, mol oder schreif eppes Schéines drop a schneit se dann aus. Maach un all Hand e Lach an huel e laangt Stéck Woll oder Schnouer. Zéi dat eent Enn vun der Schnouer duerch d’Lach vun der enger Hand a maach d’Woll mat engem Knuet gutt fest. Widderhuel dat selwecht mam aneren Enn vun der Woll bei der anerer Hand, sou datt deng Hänn duerch de Fuedem matenee verbonne sinn. Stiech deng gebastelt Ëmaarmung elo einfach an eng Enveloppe a schéck där Persoun, déi’s du gäre géifs ëmäermelen, se per Post oder gehei se an hir Boîte, wa si net wäit vun dir ewech wunnt.

Quell : NDR – Bastelanleitung