Laachen

Heiansdo ass et mol langweileg an et huet een d’Flemm. Dann ass et flott, wann een aneren eppes Witzeges mécht, fir dass ee rëm gutt drop ass. Probéier deng Famill un d’Laachen ze kréien, verkleed dech a spill de Clown!