Camera Obscura
Alter | 4-12 |
Dauer | jee no Erfarung 30-90 Minutten |
Kuerzbeschreiwung
Bei dëser Aktivitéit stells du d’Welt op d’Kopp. Jo wierklech! Bau deng eege Kamera aus enger einfacher Kartongskëscht a kuck deng Welt mat ganz aneren Aen. Duerch d’Gesetzer vun der Physik gëtt aus uewen op eemol ënnen an aus lénks gëtt riets. Genausou wéi d’Erfinder vun der Kamera scho virun 100 Joer d’Welt och gesinn hunn. Alles, wat’s du heifir brauchs, ass eng al Kartongskëscht, dënne Pabeier a Pech. Wann’s de alles hues, kann et lassgoen. |
Material
- Eng Kartongskëscht. Se kann d’Gréisst vun enger Schongkëscht hunn, mee se kann awer och méi grouss oder kleng sinn. Haaptsaach, se ass dicht an et kënnt keng Luucht vu bausse ran.
- Pergamentpabeier, Bakpabeier oder ganz dënnen Drockpabeier
- Pech/Tesa (net duerchsichteg)
- Schéier
- Eng Nol oder eng Bürosklamer
- Eng Decken oder e grousst Handduch (oder e grousst Kleedungsstéck)
Oflaf
1
![]() ![]()
|
Huel dir eng Kartongskëscht a schneit mat enger Schéier e grousst rechteckegt Lach op enger Säit vun der Këscht eraus. Dat gëtt herno däi „Bildschierm”. |
2
![]() |
Du kanns elo vu bannen an d’Kartongskëscht rakucken a kanns gesinn, wou Luucht duerchkënnt. Dës Plaze kanns du elo mam Pech zoupechen, sou dass sou wéineg wéi méiglech Luucht duerchkënnt. |
3
![]()
|
Schneit elo op der Säit géigeniwwer vum Bildschierm e klengt Lach eraus. Et geet duer, wann dëst 3 cm laang an 3 cm breet ass.
|
4 | Pech dëst klengt Lach elo nach eng Kéier zou. Wann de Pech awer nach Luucht duerchléisst, kanns du och e puer Schichte maachen. |
5
![]() ![]()
|
Huel elo eppes Spatzes, wéi eng Nol oder eng Bürosklamer, fir op der Plaz, déi’s de grad zougepecht hues, e klengt Lach ze maachen. D’Lach soll wierklech ganz kleng sinn.
|
6
![]() |
Lo ass de Bildschierm drun. Schneit elo aus Bakpabeier e passend Stéck an iwwerpech dat grousst Lach am Kartong. Huel heifir Pech, fir et vun alle Säite fest ze maachen.
|
7
|
Fäerdeg!
Huel dir elo eng Decken, e grousst Handduch oder en décke Wanterpullover a benotz dëst, fir d’Luucht vu baussen ofzeschiermen. Wann’s du d’Luucht gutt ofschierms, dann ass d’Bild herno um Bildschierm méi däitlech ze gesinn. |
8
![]() |
Kuck emol duerch d’Kamera eraus! Wat d’Sonn méi hell schéngt, ëmsou besser loosse sech d’Haiser, Beem a Stroossen erkennen. An alles gesäis du op der Kopp a säiteverkéiert. |
Tipps |
Wann’s du nach Zäit hues, kanns du deng Kamera nach optiméieren:
Mol se vu banne schwaarz un, fir datt sou wéineg wéi méiglech Luucht an d’Kamera kënnt. Um Bildschierm gëtt d‘Bild elo méi hell. Mee et ass awer elo och méi onschaarf. |
Wosst du dat? |
Eis Ae funktionéiere genausou wéi d’Kamera, déi’s du grad selwer gebaut hues. Jee nodeem wéi vill Luucht erakënnt, verstellt sech eis Pupill a gëtt méi grouss oder méi kleng. Och an eisen Ae steet fir d’éischt alles op der Kopp an ass säiteverkéiert. Zum Gléck hu mir e Gehier, wat eis alles nees verbessert
|
